Umeldung vum 17.09.2022

Menu: Bulgogi & Bibimbap

Korea huet eng villsäiteg Kichen an laang Geschicht déi ongeféier 5000 Joer nach hannen geet.

Ennert den populäre Platen sin Bulgogi, Bibimbap, an allgemeng Hanjeongsik (koreanesch table d’hôte).

Bulgogi 불고기 ass marinéierte Rëndsfleesch mat enger net schaarfer Sojaszoss Besonnesch .Et gëtt meeschtens mat enger Schossel Reis an Kimchi zervéiert.

Bibimbap 비빔밥 , op der anerer Säit, ass e komplett Iessen. Et heescht iwwersaat “gemeschten Räis”. Traditionell gin vill Zorten vun Geméis virbereed an duerno mat Gochujang ( eng liicht schaarf Paste) verfeinert, fir den extra Kick.

A Korea gëtt den Plat mat aneren klengen Bäilagen zervéiert, dat kann Zopp, Reis, verschidden Geméiszorten ob gedämpft, marinéiert, Fesch, Tofu etc sin.

D’Koreanesch Kichen huet an den läschten Joeren méi Popularitéit krut.

Mir wëllen den Adoptivkoreaner, hier Familjen, an allgemeng der Lëtzebuerger Communitéit déi Koreanesch Kichen méi no brengen.

De Kachcours gett vun der Mme Mi Hee Lentz-Pak gehalen. D’Sprooch vum Cours ass op Lëtzebuergesch ( mir probéieren eist Bescht fir op Franséisch oder Englesch währenddem ze iwwersetzen )

Wéi kann ech mech unmellen?

  1. Fir Net-Memberen, Mellt Iech iwwert eis Email un: info@mugunghwa.lu Dir kritt eng Email mat all den Détailler fir den Kachcours.
  2. Fir eis Memberen, mellt Iech iwwert den Link deen Dir iwwert Email krut hutt.
  3. Et gëtt am Viraus bezuelt op den Bankkonto vun der Mugunghwa Lëtzebuerg a.s.b.l
  4. Wann bezuelt gin ass, kritt Dir eng Bestätegungsemail.

What’s new

Get in touch with us !